Archiv für admin

END OF SEASON PARTY 2014

end_of_the_season_party

Wéi den Al schonn eng Kéier op dëser Plaz Geschriwwen huet feiere mär dëst Joer eng „END OF SEASON PARTY“.

All déi Leit déi, aus de leschte Joeren, Fotoe vun eisen Eventer a Randonnéeën hun kennen den Al kontaktéieren fir him des Biller zoukommen ze lossen. D’Fotoen ginn dann am Laf vum Owend, am Kader vun eiser Diashow gewisen.

Amplaz vun eisem Mëttwochiessen gëtt et dann dësen Owend, um 20:00 Auer, ee knusprecht Fierkel ze fruppsen (also am Dezember keen Iessen den éischte Mëttwoch).

Fir d’Fierkeliessen uerdentlech organiséieren ze kennen wollt ech iech alleguer bieden iech schnellstméiglech, awer spéitstens bis den 01.12.2014 bei mär per SMS (621 40 48 98) oder Email (frenz@pt,lu) unzemellen.

De Präis vum Menu (mat Dessertbuffet a Kaffi) ass 25,00€ pro Persoun a gëtt op der Plaz bezuelt (d’Gedrénks ass an dësem Präis net abegraff).

Ech hoffen iech Alleguer den 12.12. ze gesinn a bréngt och är Frënn mat well wéi ëmmer ass och des Kéier de Profit zu Gonschten vun eiser Aktioun „Motofuere fir ee Kannerlaachen“.

Bis dann…

Summerfest 11.-13. Juli zu Kayl Programm

Hei dann mol de provisoreschen  Programm vum MFK Weekend:

Freides 11 Juli

Ab 18h00 Auer Bikertreff an Summerfest mat Bar Grill Dj

Samstes 12 Juli

De ganzen Daag Summerfest Motosexpo Grill Bar etc
14 Auer Motostuer Biker fueren fir Kanner
21 Auer Flatbush live gudden aale Rock

Sondes 13 Juli

De ganzen Daag Summerfest etc
Ab 09 Auer Aschreiwung Juxrally Depart 10-11Auer
12 Auer Mettegiessen Retour Juxrally

13h30 Auer Optrett vum Yannik am Dalila Stuntshow Moto an Quad
14h15 Auer 2 Etapp vum Juxrally
17h00 Auer Stuntshow
17h45 Auer Preisverdeelung Juxrally
20h00 Auer live act? ?

Summerfest 11.-13. Juli zu Kayl op der Fred Coullen Plaz

De Weekend vum

11. – 13. Juli

ass et erëm sou wäit, dann organiséiert den MCK, wéi all Joer, säin

„Motofuere fir ee Kannerlaachen Weekend“.

Nieft de Motostier gëtt et des dräi Deeg nach eng helle Wull vun aneren Attraktiounen déi dësen Event och fir Nett-Biker interessant wäerte maachen. Als grouss Attraktioun ass dëst Joer och erëm de

stuntyannickYannik mat senger Stuntshow

mat vun der Partie. Dëse jonken Elsässer an 2-fachen Weltrekordler weess mat senge Motorrad- an Quadkonschtstécker ze begeeschteren.

Mär wäre frou Iech all begréissen ze kennen. Wei all Joers kennt och dëst Joer den integrale Bënëfiss vun dësem Event Kanner aus lëtzebuerger Kannerheemer zegutt.

Ech an de ganzen MCK soen Iech elo scho villmols Merci fir äre Besuch.

Motofuere fir ee Kannerlaachen – 11.-13. Juli zu Kayl op der Fred Coullen Plaz

Motofuere fir ee Kannerlachen 2014

Motofuere fir ee Kannerlachen 2014

Trailer Télévie Mototour

Trailer vum Tour

Decke Merci un de Jacques Gonner