Televie Motostour 2016 Schlecht Neiegkeeten……

KEEN GUIDAGE PAR LA POLICE UM TELEVIE MOTOSTOUR 2016

 

Leider hu mer haut kéng ganz gutt Nouvellen den Télévie Motostour betreffend.

D’lescht Woch krute mer matgedeelt datt ee Guidage vun der Police, an der Form wéi déi läscht Joeren, aus Sécherheetsgrënn net méi méiglech ass.

Sou wéi et de Moment ausgesäit gëtt den Tour zwar vun der Police iwwerwaacht, et wäerten awer kéng Kräizungen zougesat ginn an et muss sech un Virfahrtsregelen an d’rout Luuchte gehal ginn.

Mär hu Verständnis fir d’Decisioun vun den Autoritéiten a wäerten dat Bescht aus der Situatioun maachen fir iech trotz allem ee schéinen Dag ze bereeden.

Den Tour wärt komplett ausgescheldert ginn sou datt keen sech verléiere kann. Deen éischten Télévie Motostour ass och op déi Aart a Weis ofgehal ginn a wor ee grousse Succès.

Den Zäitplang wärt esou wéi op den Affichen beschriwwen bestoe bleiwen.

Mär hoffen dat där eis an den Télévie trotz allem ënnerstëtze kommt a freeën eis op ee flotten Dag.

 

 

Kommentare sind geschlossen.