Archiv für Allgemein

TÉLÉVIE Motostour 2017

 

Och dest Joer rem en Télévie Tour organiseiert vum Motoclub Kayldall asbl.

Pour informatiounen:

Den Tour get net vun der Police guideiert.

Den Tour get wei läscht Joer ausgescheldert an vum MCK guideiert.

Jidfereen fiert op seng eegen Responsabiliteit.

Den Tour huet ongefeier 2x 120 KM. 

Tankmeigelchkeeten zu Wentger wou mer Paus maachen.

 

Bei Froen.  spesa@pt.lu

1 Mai Motostour an den CH- Jura 28 04 bis 01 05

Galerie-d-images-22-52-Zoom Galerie-d-images-22-43 Galerie-d-images-22-25-Zoom

 

 

Motostour an den Joura mat Iwwernuetung am Hotel du Doubs. 3 Nueten, Preis pro Pers. 80 chf pro Nuet mat Kaffi an Owesiessen.
Umeldungen ab elo. Disponibel 12 Duebelzemmer an 2 Eenzel(Eenzelzemmer Douche um Stack)

 

Info  spesa@pt.lu

27 Jan. Generalversammlung 28 Jan. Dance Night mat Jeansgeneration

Wei all Joers inviteiert den MCK op seng Generalversammlung den Freiden 27 Januar 2017 an der Schufa zu Teiteng um 1930hrs.  Hei onbedingt umellen op spesa@pt.lu weinst dem Iessen.

Den Samsten 28 Januar ab 21 Auer Dance Night Oldie Disco mat Jeangeneration och an der Schungfabrik.  Entree Virverkaaf 5euro   Oweskees 7euro.

15672979_10211939455223007_7960691535217295538_n

 

 

 

End of Season Oldie Partie

Am Uschloss un den Mul Gala inviteiert den MCK op hier Oldiespartie.

Entree ab 21 Auer.   Leit kennen sech awer och op den GALA mat Buffet umellen……

Den Erleiss vum ganzen Owend geet un d Aktioun Motofuere fir ee Kannerlaachen,  Geld brauchen mer fir eisen klengen Kollegen am Juni 2017en Erliewnisweekend ze sponsoren…….

 

 

 

end-of-season

MUL GALA MAT USCHLEISSENDER DISCO

Motoclub Kayldall asbl

Den 26 November ass den Gala mat der Preisiwwereechung vun der Motor Union Luxembourg an der Schungfabrik zu Teiteng, Hei gin neierdengs dann och Preiser iwwerreecht wou den Tourismus betreffen, also och den MCK huet Leit nomineiert wou a Froo kommen fir den Membre meritant.

Verbonn ass daat ganzt mat engem Iessen an unschleissend mat enger 80er resp enger Oldie Disco.

Entree ass gratis,Preis vum Iessen 20 euro mat Apero offereiert vun der Federatioun, inkl awer och Kaffi a Keis.

Dam Erleis hoffen mer dann een vun eisen Foyer 2017 an eng Vakanz kennen ze schecken.

Umellen duerch Iwwerweisung op den MKC Konnt wie an der Invitatiouon geschriwwen.

Mer hoffen iech all do ze gesin. Bei Froen wie emmer, froen……

gala-mul