END OF SEASON PARTY 2014

end_of_the_season_party

Wéi den Al schonn eng Kéier op dëser Plaz Geschriwwen huet feiere mär dëst Joer eng „END OF SEASON PARTY“.

All déi Leit déi, aus de leschte Joeren, Fotoe vun eisen Eventer a Randonnéeën hun kennen den Al kontaktéieren fir him des Biller zoukommen ze lossen. D’Fotoen ginn dann am Laf vum Owend, am Kader vun eiser Diashow gewisen.

Amplaz vun eisem Mëttwochiessen gëtt et dann dësen Owend, um 20:00 Auer, ee knusprecht Fierkel ze fruppsen (also am Dezember keen Iessen den éischte Mëttwoch).

Fir d’Fierkeliessen uerdentlech organiséieren ze kennen wollt ech iech alleguer bieden iech schnellstméiglech, awer spéitstens bis den 01.12.2014 bei mär per SMS (621 40 48 98) oder Email (frenz@pt,lu) unzemellen.

De Präis vum Menu (mat Dessertbuffet a Kaffi) ass 25,00€ pro Persoun a gëtt op der Plaz bezuelt (d’Gedrénks ass an dësem Präis net abegraff).

Ech hoffen iech Alleguer den 12.12. ze gesinn a bréngt och är Frënn mat well wéi ëmmer ass och des Kéier de Profit zu Gonschten vun eiser Aktioun „Motofuere fir ee Kannerlaachen“.

Bis dann…

Kommentare sind geschlossen.